En Tick ze vill (2024)

Den Dr. Wanderscheid – Biren ass e renoméierten “Neuro Psychiater”, dee bekannt ass fir seng speziell Method Patienten mat engem Tik (Zwangsstéierung) ze behandelen. Hien ass leider vill am Ausland ënnerwee a kënnt nëmmen 1-2 de Mount op Lëtzebuerg. Haut versammele sech verschidde Patienten a sengem Waardezëmmer a musse leider net nëmmen op hire RDV säit Méint waarden, mee och op den Dokter dee Verspéidung huet an zu Frankfurt – Hahn um Fluchhafen hänkt. 1 oder 2 Patiente mat enger Zwangsstéierung hält sech jo nach aus, mee 6 mol en Tik dee waard, sech d’Zäit verdreiwen muss mat Monopoly oder decidéiert eng Gruppentherapie ze maachen ass wierklech en Tik ze vill!!!

Rollen

  • Théodore - Claude (Pol Kappweiler)

    Hien as relativ gutt ugedoen an huet gutt Manéiere mat de Leit. Säi gréisste Problem ass de “Gilles de la Tourette” Sydrome. Genau wann een net drop gefaast ass, vernennt hien d’Leit ouni et ze wëllen. Wat mat der Zäit peinlech fir verschidde Leit gëtt. Hien huet e klengen Aktenkoffer dobäi, well hie sech fir déi verschidden Zwangsstéierungen interesséiert.

  • Emil Staut (Misch Mühlen)

    Hien ass Taxi Chauffeur an e ganz banalen Typ. Dovunner iwerzeegt, datt hien hei guer näischt verluer huet, mee seng Fra huet hie geschéckt. Säi Problem: hien zielt permanent alles wat e gesäit, héiert oder eben zesummen zielen kann. Am Kapprechnen ass hie schnell an och relativ séier opgereegt. Den Emil huet et gär, datt et no senger Manéier geet an ass gären de Gruppeleader.

  • Marie Schock (Nina Martin)

    Wéi säin Numm et scho seet, ass déi gutt Madame oft schockéiert iwwer verschidde Saachen. Dem Marie säin Zwang ass ëmmer alles e puer Mol ze kontrolléieren. D’Marie mengt och ëmmer de Gas wier un, d’Luuten wieren net aus an d’Dier net zougespaart. Oft nervös, bëssi reliéis a kann och hysteresch ginn.

  • Blanche Schank (Paula Henkes)

    Ganz wäiss ugedoe fir all méigleche Fléck oder Knascht op de Kleeder direkt ze gesinn. Si huet Angscht krank ze ginn a probéiert alles ze vermeide wat kéint geféierlech si fir säin Immunsystem. D’Blanche muss sech all 10 Minutten d’Hänn wäschen, soss kéint nach eppes dru kommen.

  • Lilianne Hansen-Lang (Anne Dimmer)

    E jonkt a scheit Meedchen wat net vill schwätzt wéint hirem Problem. Dem Lili säi Problem ass en Tik, deen et am Fong net gëtt, mee all méiglechen Zwang kéint an déi Katégorie vu Krankheeten zoutreffen. D’Lili muss all Saz 2x widderhuelen soss kéint hir eppes Schlëmmes passéieren...hatt kéint esouguer dorunner stierwen, wann net alles widderholl gëtt.

  • Bob Riit (Franco Campana)

    Huet säin Numm geännert: Virdrun huet e Bob Mousel geheescht. Säin Tok: Ordnungszwang. Hien ass ganz sympatesch, mee kéint och als Macho eriwer kommen. Hien ass ziemlech “chill” ugedoen a rappt gäre Witzer fir d’Leit op ze lockeren.

  • Assistent (Yannick Seil)

    De Sekretär an Assistent vum Dr Wanderscheid: Kënnt heiansdo bis era kucken op bei de Patienten alles ok ass. Leider huet dee léiwe Sekretär oft eng schlecht Noriicht. Den Dokter huet zwar Verspéidung, mee d’Situatioun gëtt am Laaf vum Stéck net besser.

Gallerie

Klickt op d’Bild fir se am groussen ze gesin

Zurück
Zurück

Alles gestrach! (2025)

Weiter
Weiter

Déi eng stierwen, déi aner ierwen (2023)