Déi eng stierwen, déi aner Ierwen (2023)
Nodeems d’Bom no enger harmloser OP net méi heem kënnt, brécht bei der Famill de Chaos aus. De Bop, ee knadderege pensionéierten Zaldot vum Bierg probéiert dat Ganzt rëm an de Grëff ze kréien, mee eng grouss Suerg vu sengen dräi Kanner schéngt d’Ierfschaft vun der Bom ze sinn.
Rollen
-
Bop (Pol Kappweiler)
Ee knadderege pensionéierten Zaldot vum Bierg dee net gutt héiert.
-
Bom (Chantal Walch)
D‘Kätti huet de Stot am Grëff an ass besuergt em d’Famill.
-
Christian (Misch Mühlen)
Hiere Bouf, ee chaotesche Jonggesell. Hien huet 38 Joer a wunnt säit engem Mount net méi bei sengen Elteren. Hien schafft op der Bunn an ass net déi hellste Käerz um Kuch.
-
Sandra (Jeanne Theissen)
Hier Duechter, Vegetarierin an och fir de Rescht ganz gréng. Hatt ass säit zwee Joer bestuet an huet ee Bouf. Hatt huet schwaach Nerven a fält oft an d’Äppel.
-
Michèle (Anne Dimmer)
Hiert zweet Meedchen. Hatt ass eng Businessfra an schafft an der PR Branche (Reklammen). Hatt huet méi Interessi un aner Frae wéi u Männer an huet sech laang net getraut sech ze outen. Leider huet hatt sech mat deene falsche Leit opgehalen a muss lo ganz fécks seng Scholden zréckbezuelen.
-
Olga (Nina Martin)
Hatt kënnt aus Rumänien an ass eng Prostituéiert, déi als Haushälterin beim Bop schafft. Hatt huet een osteuropäeschen Akzent.
-
Lifferant (Luc Watgen)
Vu Repas sur Roues. Hie mécht sech a Saachen an déi hien näischt uginn.
-
Bestatterin (Nikkes Bley)
Si ass ganz direkt an drénkt gäer hire Pättchen.
-
Paschtouer (Franco Campana)
-
Spendesammler (Nelly Friederici & Lea Campana)
Vu Médecins Sans Frontières.
-
Notaire (Tania Balthasar)
Dem Mischi seng Frëndin. Hatt kläert d’Famill iwwer d’Ierfschaft op.
Gallerie
Klickt op d’Bild fir se am groussen ze gesin
Hannert der Bühn
Klickt op d’Bild fir se am groussen ze gesin