Alles gestrach! (2025)
De jonke Bauer Pier Valerius wëll endlech déi richteg Fra fannen, déi mat him de Bauerenhaff féieren a hie bestuede soll. Hien schreift un d‘Televisioun. Aus méi wéi honnert Kandidatinnen huet de Pier sech missen dräi raussichen, déi fir véierzéng Deeg op sengem landwirtschaftleche Betrib wunnen an och do schaffe sollen. De Kniecht Josy a seng Haushälterin Albertine gleewe net drunn dass eng vun deenen dräi jonken Dammen déi Richteg fir de Pier ass. Déi zwee probéieren him d’Idee matt der Televisiouns-Verkopplung auszerieden. Sie fäerten alle béid em hier Aarbechtsplaz wann déi nei Fra op den Haff plënnert, dofir si se dogéint. De Pier ass awer begeeschtert vun deenen dräi Dammen an hie kann sech net richteg entscheeden. D’TV Emissioun mam Moderator Marco Thommes leeft net wéi erhofft an um Haff brécht de Chaos aus.