Wien si mir?

Nodeems sech Ugangs den 90er Joren zu Kruuchten e puer Frënn zesummefonnt hate fir zanter Jore rëm eng Kéier en Theaterstéck ze spillen, huet des Initiativ esou e grousse Succès gehat, dass decidéiert gouf e Veräin ze grënnen.

Am Joer 1993 gouf dunn vu passionéierten a motivéierte Léit, den Theaterveräin „Bühn‘93“ an d’Liewe geruff.

Als rengen Theaterveräi spille mir klassesch Dréiakter, Koméidi’s Stécker aus Lëtzebuerg mä och aus dem Ausland, déi vun eis an d’Lëtzebuergescht iwwersat goufen. Eis Bühn befënnt sech zu Kruuchten am Centre culturel. Wärend de Joren ass de Cc an domat och d’Bühn ëmmer méi moderniséiert gin, sou dass mir als Theaterveräi mat der modernster Technik kenne schaffen.

Hunn mir an den Ufanksjore just ob engem Weekend 2 Owenter gespillt, sou spille mir elo schonn 20 Joer 4 Owenter iwwer 2 Weekender. Haut zielt de Veräi ronn 30 Memberen, en agespillten Team, wou jiddereen seng Aufgab huet.

D’Organisatioun vun esou Theaterowenter fänkt scho mindestens 3 Méint am Viraus un. E Stéck sichen, Rolle besetzen, 25-30 Prouwen, Bühnebau, Comptoir, Tombola, Reservatiounen, Technik, Schmink, asw…

Trotz der viller Aarbecht mécht eis den Theater ëmmer nach vill Spaass, zemools wann en eng gutt Equipe ass.

Mir sinn prett an gutt opgestallt fir d’Zukunft